Fraen a Mammen Feels spendéieren den Erleis vum Spaghettisfest fir Televie

D'Fraen a Mammen aus der Feels haten den 25. Januar invitéiert op hiert Spaghettisfest am centre culturel Larochette. Den Erléis vun 2050 euro hun si fir Télévie gespend.

Den President vum Organisatiounscomité "Aerenzdall centre de promesses Télévie 2015", Pit Friederes huet den Scheck an Empfang geholl an den Dammen villmools Merci fir hieren Asaatz gesot.

Den 25. Abrëll as den groussen Téléviedag zu Medernach, mat engem flotten Programm. Kuckt eran op www.televieaerenzdall.lu oder op facebook https://www.facebook.com/TelevieAerenzdall fir Detailer oder am pdf bei desem Artikel