D'Schoulkanner aus dem Kuebebongert spenden 11 000 Euro vum Chrëschtmaart.

Scheckiwerreechung un zwou Associatiounen .

Feelen: Ugangs Dezember vum läschte Joer hun d’Schoulkanner aus dem Kuebebongert vu Feelen zesumme mat der Gemeng, der Maison Relais, den Elterevertrieder an der Musik hire Chrëschtmaart organiséiert. Esou konnt den Erléis vum Dag viru kuurzem am Kader vun enger Scheckiwerreechung un gläich zwou national Associatiounen, déi sich fir de gudden Zweck asetzen, weidergeleet gin. Virun der Scheckiwerreechung huet d’Vertriederin vun „Een Häerz fir Kriibskrank Kanner“, Martine Wirtz a Presenz vum Lara Chicherna , de Kanner mat hirem Léierpersonal a Vertrieder vun der Elterevereenegung an der Gemeng, d’Missioun vun hirer Vereenegung erklärt, déi ass d‘Famillen mat engem kriibskranke Kand oder Jugendlichen ze ënnerstëtzen an op hirem Wee ze begleeden. Och gin dess Suen gebraucht, fir d’Fuerschung an Zukunft vum Kriibs können ze erméiglichen. Si hun och villmols Merci gesoot fir de Scheck vun 5 500 Euro den si konnten entgéint huelen. Den zweete Scheck vun 5 500 Euro huet d’Christiane Thommes, als diploméiert infirmière, mat Freed entgéint geholl , den der Associatioun „Plooschterprojet“ zugut könnt. De Plooschter Projet mëcht säit der Grënnung am Joer 2014 reegelméisseg Sensibiliséierungs- Régestréieraktioune fir méi Leit iwwer Blutkriibs opzeklären a si dozou ze beweegen, sech als Stammzellenspender ze registréieren. Dess Suen gin duefir agesaat fir neit Material unzeschaafen, fir och domadder hir Missioun können och weiderhin gewëssenhaft ze erfëllen. (CR) (Foto: Charles Reiser)