Vill schéi Momenter bei "Déi Jonk vu gëschter Feelen"


Georges Fellens fir säin Engagement geéiert gin

Feelen: Zënter der Opléisung vun der lokaler Amiperas Sektioun besteht de Senioreveräin „Déi Jonk vu gëschter Feelen“ elo schon säit 17 Joer. Di ganz gut besichten Joershaaptversammlung am Hennesbau zu Nidderfeelen war zugläich och di bäschte Geleeënheet fir Bilanz iwert engt ganz aktivt Joer mat villen schéinen Momenter ze zéihen. Gläich um Ufank vun der Generalversammlung, den 15. Februar, huet d’Presidentin Viviane Reinartz- Krack all Uwiesend Wëllkomm geheescht a jidderengem Merci gesoot fir di gut Zesummenarbicht mat der Gemeng an hirem technischen Personal, dem Komitee mat allen 200 Memberen fir hiert Engagement an hir Trei iwert dat ganzt Joer zum Senioreveräin. Wat d’Renvovéierungsaarbichten vum Veräinslokal zu Uewerfeelen ugeet, muss een sech nach e bëssen waarden, awer et geet mat Zuversicht a kommender Zäit dem definitiven Ënn entgéint. Am Uschloss un eng Gedenkminut huet d’Sekretärin Marianne Welter- Heintzen di verschidden Aktivitéiten vum Joer 2023 Revue passéiere geloos, wou ronn 300 Memberen niewt 20 Portes Ouvertes an 7 Comitésitzungen aktiv derbéi waren. Hinnen alleguerten e grousse Merci. Op dem Programm fir 2024 stin bis elo Mol Fréijoerstour (2. Mee), Waffelbacken am Cactus (24. an 25. Mee), Spargeliessen (30. Mee), Rees an d’Elsass (3. bis den 6. Juni), Mammen- a Pappendagsfeier (13. Juni) souwi d‘Niklosfeier an op de Chrëschtmaart am Dezember). Eng gesond Finanzlag konnt d’Keessière Marcelle Rodesch- Schwartz der Versammlung virleeën, déi och vun de Keesservisoren Tania Bindels- Braun a Roger May als exakt bestätigt gouf. De Roland Philippe iwerhëllt an Zukunft de Posten vum Tanja Bindels- Braun. Am Numm vun der Gemeng Feelen huet de Rajesh Etgen op d’Wichtigkeet vum Feelener Senioreveräin higewissen wou Kommunikatioun a Mateneen bei den villen Aktivitéiten zum zukünftigen Weidermachen wesentlich zum weideren Zesummeliewen an der Gemeng beidroen wärten. A Vertriedung vum Club Senior Nordstad Aktiv + (Inter Actions) huet d’Dumay Maud op di vill ugeboueden Aktivitéiten fir Senioren higewissen wou villeicht och Interesse do wier, fir engt eventuell engt zukünftigt gut Zesummeschaffen ze erméiglichen. Beim Punkt Verschiddenes gouf och drop higewissen, dat d’Memberen der Sekretärin hir E- Mail Adress sollen matdeelen, fir den zukünftigen Informatiounsaustausch wesentlich ze vereinfachen. Zum Schluss vun der Versammlung huet d’Presidentin Viviane Reinartz- Krack dem Georges Fellens, zënter 2005 als Comitémember am Feelener Senioreveräin villmols Merci gesoot fir sengt tatkräftigt Engagement an all denen Joeren an him weiderhin als Member eng gut Gesondheet an vill Freed am Feelener Senioreveräin gewënscht. Als Unerkennung ass dem Georges niewt engem Bong och e schéine Bouquet Blummen iwerreecht gin woufir hien sech och ganz häerzlich bedankt huet. Bei enger gudder Brëtzel an enger Taass Kaffi, huet di 17. Generalversammlung och e würdigt Ënn fond. De Comité vun „Déi Jonk vu gëschter“ Feelen: Viviane Reinatz- Krack (Presidentin ); Marianne Welter – Heintzen (Vizepresidentin a Sekretärin); Marcelle Rodesch- Schwartz ( Keesière). Bäisitzend Memberen sin: Camille Braun, Léa Busto-Wingert, Aloyse Ottelé, Loni Reding- Gillen a Fons Schmitz.(CR) (Foto: Charles Reiser)