Keeleclub spend Erliis va „gemütlichem Owend“ aan „Télévie“-Aktioun 2011

Den 20. Februar hat de Keeleclub va Fëschbich ee „gemütlichen Owend“ zu Hengischt am Centre culturel organiséiert. Dobäi konnten d’Lekt bäi enger Hammeschmiär eng gemütlich Uucht mateneen verbréngen an zu flotter Musik danzen. Den Owend guf dank der Generositéit van de Lekt an den Sponsoren vam Owend ee gruussen Erfollig an su konnt de Veräinspresident Fränk Thull viraan kuerzem, zesaame mat engem Deelerliis vam Grillstand bäim Cactus zu Angelduarref, ee Scheck iwwer 2 200 Euro aan de President vam Organisatiounscomité „Centre de Promesse Télévie Clervaux“, Georges Michels, iwwerreechen. Deen nächste Rendez-vous mam Fëschber Keeleclub ass om gruussen „Téléviedag“ zu Cliärref, de 7. Mee, wu sie eng erfrëschend Kippchen zervéieren. (jrk)