80ten Gebuertsdag vum Éirebuergermeeschter

Den Charel Thilgen vun Schous, häitegen Éierebuergermeeschter an  laangjähregen Buergermeeschter vun der Gemeng Fëschbech huet dëser Deeg säin 80.ten Gebuurtsdag gefeiert. De Buergermeeschter Fränk Daems zesumme mat sengen Schäffen Patrick Grotz a Luss Brosius hun sech et net huele geloss dem Charel Thilgen bei der Geleenheet ze gratuléieren.
An enger gemittlecher Feierstonn, fir déi d’Gemengenresponsabel den 01. Abrëll op d’Fëschber Gemeng invitéiert haaten, kruut den Charel Thilgen een klengen Cadeau iwwerreecht an huet bei engem Pättchen eng Partie flott Anekdoten aus senger Amtszäit graad wéi héich interessant Erliewnësser aus senger Kandheet an der Krichszäit verzielt.
 
De Schäfferot wënscht dem Charel all Guddes, vrun allem eng gudd Gesondheet, nach vill schéin Joeren an eiser Gemeng.