Adventsfënster 2019 an der Gemeng Fëschbech

Am Advent 2019 hat d'Kultur- a Veräinskommissioun vun der Gemeng Fëschbech op d’Aktioun "Adventsfënster" invitéiert. Vill Leit hu vun der Méiglechkeet profitéiert a matgemaach fir an der däischterer Zäit eis Gemeng méi schéin a lieweg ze maachen a fir nei Bekanntschaften ze schléissen. Aktiv an Inaktiv Fënstere waren derbäi. Bei deenen Aktive gouf zesumme gepotert, genaschelt a gedronk, mee och Adventsgeschichten a Lidder waren ze héieren. Ech hu probéiert Iech hei all eis Fënstere beieneen ze setzen an ech mengen 2020 steet der Aktioun och näischt méi am Wee.