Kommioun 2019 an der Gemeng Fëschbech

De Samsden 18 Mee wor zu Fëschbech fir 10 Kanner déi 1 hl Kommioun. D’Pompjeeën hun d’Kommiounskanner am Cortège bei d’Kierch begleet, wou Si vum Dechen Felix Steichen empfange gi sin. D’Kanner haten sech an de leschte Méint ob dëst Fest ganz gudd virbereed an dofir wor et eng ganz schéin Feier gin!