Visite Guidée zu Iechternach!

Den Theaterveräin Fëschbech Schous Angelsbierg asbl huet dëst Joër säin traditionellen Trëppeltour op Iechternach gemeet. Hei huet eise Member de Claude Flick, deen a senger Fraizäit och Touristeguide as, d’Iechternach City Promenade mat eis gemeet. Vill Detailer iwwert Stadtmauer an Geschicht vun Iechternach, kruute mer verzielt. Den Ofschloss vum Tour, wor nach e gudde Maufel beim Giorgio.