Generalversammlung an der Spillkescht Dumbo

En Donneschdegowend huet d´Spillkescht DUMBO hir 16. Generalversammlung am Gemengekeller zu Fluessweiler oofgehaalen. An Präsenz vum Schäfferot, den Elteren an de Frenn vun der Spillkescht hun sie de Bilan vum leschte Schoujaar gemaach. Zenter dem September 2011 huet d´Spillkescht een Agrément an och Accès Chèque-Service .
Während der Generalversammlung ass d´Madame Ginette Mangers-Wagener fir 10 Joer am Comité geeiert gin an huet ee Cadeau iwerrecht kritt.
D´Spillkescht DUMBO fannt dir zu Fluessweiler op 1 rue Berg. Et sin nach ee puer Plaatzen frei an dir könnt är Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer ummellen iwer e-mail spillkeschtdumbo@gmail.com oder um 770204 60(Öffnungszeiten).
D´Gemeng huet um Enn vun der Versammlung den Eierewäin offreiert.