Eng Spill- a -Lieskëscht fir jiddereen


Foulscht: Ganz nom Slogan: Zesummen sin mer stark, mer sin eent Team. An hei ass een vun villen Resultater: Dat waren d‘Wieder vum Myriam Binck, bei der Virstellung vun enger vun denen Spill- a- Lieskëschten op der Gemengeplaatz zu Foulscht, déi am Kader vum Projet " Spill-a- Lieskëscht " op véier Plaazen mat enger weiderer Optioun an der Gemeng Rammerich opgestallt goufen an och nach gin. Bei all Box steet eng Bänk wou een direkt op der Plaatz lass leee kann. Desweideren huet d’Schäffin am Kader vun der Aweihungsfeier betount, dat eisen Alldag, den ëmmer gut gefëllt ass, an oft een sech nit Zäit fir sech, an och fir Saachen déi mi oft vergiess gin, ze huelen. E Spill spillen ass immens wichtig, et léiert een ze gewannen, Gedold hun, seng Grenzen kënnen, sech konzentréieren, awer leider och ze verléieren, an dat fir Grouss a Kleng. An och a Corona- Zäiten huet een d’Gesellschaft rsp. Karte spillen nei entdeckt an hun nees vill u Bedeitung krut. Och jiddfereen huet bestëmmt och Doheem e Buch, op dat Krimi, e Roman, e Fachbuch oder ënnert eisen Handwierker eng Beschreiwung vun enger Maschin. Oft stin se Doheem a gin vergiess oder verstëbst. Et wier och schéin wann een oder deen aaneren och se kéint leesen. Duerfir hu mir als Gemeng e Projet gestart an dat och als eng Aart, Eigenbau. Do huet dat ganzt Gemengepersonal vun den technischen Dingster, zesummen mat de Kanner aus der maison relais an der Crèche mat hiren Erzéiher mat schéinen Dekoratiuounen de Feinschliff gemeet. Duefir hinnen Alleguerten e ganz grousse Merci. An elo ass et um Bierger die iwert eis Facebook- Säit dem Opruff gefollget sin, Gebrauchte an och nach komplett Spiller ewei och gebrauchte Bicher an di nei Boxen können ze brëngen. Et muss duefir och nit Alles nei sin. Jiddereen kann sech Bicher oder Spillsachen huelen an och haalen oder nees heihinner brëngen, oder engt aanert matbrëngen, mat der Hoffnung, dat di Bicher -a- Lieskëscht, Gebrauch a Spaass mëcht an och gut ukënnt bei de Leit an och respektéiert gett. No dem Duerchschneiden vum Tricoloreband ass op den Erfolleg vun der neier Box ugestouss gin. (CR) (FOTOEN: CHAREL REISER)