Interessante Virtrag vum André Bauler an der Thillenvogtei

Ufank Mee huet den André Bauler am Kader vun der Manifestatioun Randschelt « Kult-Duerf » aus sengem Papp sengem Booklet "Beschwerliche Zeiten" virgelies.

Etlech intresséiert Nolauschterer waren op dësen Owend komm, op deem den André Bauler an der Scheier vun der Thillenvogtei d’Leit an d’Zäit vun der Okkupatioun an der Ardennenoffensiv zréckversat huet, dat aus der Siicht vun engem Primärschoulkand.

Den Owend ass ausgeklonge mat enger lieweger Diskussioun a mat enger Visitt vun der Expo iwwer de « Kräizer Simchen », déi de Moment an der Vogtei gewise gëtt.

(Foto: Charles Reiser)