Generalversammlung vum Foulschter Gesank

De Foulschter Gesank hat kierzlech op seng ordinär Generalversammlung agelueden, déi am Proufsall am Centre Culturel zu Foulscht statt fonnt huet. An hirer Begréissungsusprooch goung d’Presidentin Martine Lallemand-Wio op méintelaang Corona-Restriktiounen an. Trotz Corona war d‘Bereetschaft vun de Sängerinnen a Sänger, an der Dirigentin Claire Garçon-Wio beandrockend.

Aus dem Réckbléck vum Sekretär Emile Salentiny geet Folgendes ervir:

Am Joer 2021 waren 33 Prouwen an zousätzlech 7 Regesterprouwe fir d’Dammen an Hären, ënnert deene bestoenden Corona-Mesuren. De Kommitee ass 4 mol zesummekomm. Gesonge goufen 8 Massen an 2 Concerten.

Ongewëssheet besteet och fir 2022 bei de Massen. Um Programm sinn nach den Nationalfeierdag, Kiermesmass zu Foulscht. Am Oktober den traditionelle weltleche Concert ewéi am Dezember de Chrëschtconcert. Dann ass och no laanger Zäit een Ausflug geplangt.

Mustergülteg Féierung vun de Kontebicher, exakt kontrolléiert vun de Keeserevisoren. Entlaaschtung fir d’Keesiäre Maisy Unsen-Mehlen. D'Zukunft kann de Foulschter Gesank mat engem gudde finanzielle Polster ugoen. Vun 2005 un huet Maisy de Poste vum Keessier bekleet, an huet mat gedeelt dass et seng Funktioun zur Verfügung stellt.

Et spiert een de Choristen hir Satisfaktioun beim Sangen, esou de Luef vun der Dirigentin Claire Garçon-Wio.

De Veräi besteet aus 35 aktiv Memberen, 18 Dammen a 17 Hären.

No Opnam vun 2 neie Membere gesäit de Comité vun dem Foulschter Gesank esou aus: Presidentin: Martine Lallemand-Wio, Sekretär: Emile Salentiny, Keessier: John Kaufmann, Memberen: Pascal Garçon, Renée Kaufmann-Berens, Christine Lallemand, Michel Lallemand, Joëlle Mergen-Beaudeux, Maisy Unsen-Mehlen.