Déi 140. Generalversammlung vum Foulschter Gesank
um weitere Bilder zu sehen.
De Foulschter Gesank hat den 13. Juni op seng 140. ordinär Generalversammlung agelueden, déi am Proufsall am Centre Culturel zu Foulscht statt fonnt huet. An hirer Begréissungsusprooch sot d’Presidentin Martine Lallemand-Wio, dat eng intensiv Saison hannert eis läit, an duerfir ee Merci un d’Sänger/Innen, allen déi hëllefen dem Kommitee, der Dirigentin an dem Organist.
Aus dem Réckbléck vum Sekretär Emile Salentiny geet Follgendes ervir:
Am Joer 2024 ware 44 Prouwen an zousätzlech 5 Regesterprouwe fir d’Dammen a 5 Regesterprouwe fir d’Hären. De Kommitee ass 6 mol zesummekomm. Gesonge goufen 9 Massen a 4 Concerten. De Veräi war um Fierkelsmaart mat engem Stand vertrueden, an huet um Te Deum deel geholl. Wéi all Joer war Ufanks Januar Veräinsiessen. En Ausflug op Remouchamps an Durbuy war Ufanks September.
Am Veräin si 40 Memberen, dovun 20 Dammen an 20 Hären. Den Duerchschnëttsalter ass 47 Joer. Den eelste Member huet 77 Joer, an dat jéngst huet 13 Joer Een neie Member ass 2024 bäi komm.
Dann ass 2024 aus dem Veräin eng a.s.b.l. ginn.
Aus dem Keeserapport geet ervir, dass de Foulschter Gesank d’Zukunft mat engem gudde finanzielle Polster kann ugoen. Mustergülteg Féierung vun de Kontebicher, exakt kontrolléiert vun de Keeserevisoren. Entlaaschtung fir de Keessier John Kaufmann vun der Versammlung.
Saison 2024 – 2025 war eng stramm Ugeleeënheet. Do war eng gutt Zesummenaarbecht mat der Wormer Chorale an de Chorales réunies vun Donwe Fluessweiler. Et spiert een de Choristen hir Satisfaktioun beim Sangen, esou de Luef vun der Dirigentin Claire Garçon-Wio.
Ausbléck op dat wat nach kennt. Den Nationalfeierdag. D’Ofschlossgrillen fir’t Membere mat hirem Partner a Kanner virun der Summervakanz. D’Kiermesmass zu Foulscht. Den 11. Oktober ass de weltleche Concert, an den 21.Dezember de Chrëschtconcert.
Och déi éischt Datumer fir 2026 si scho geplangt. De 24.01.2026 Veräinsiessen fiert Membere mat hire Partner. Den 12.07.2026 ass een Ausflug geplangt.
Et goufen eng ganz Partie Merci’en ausgedeelt. Ee kann een ervir hiewen. Dirigentin Claire Garçon-Wio krut fir hiren Asaz vun de Sänger/Innen eng Corbeille geschenkt.
Bäi engem Patt an engem Maufel z'Iessen ass den Owend ausklénge gelooss ginn.
De Comité vum Foulschter Gesank: Presidentin: Martine Lallemand-Wio, Sekretär: Emile Salentiny, Keessier: John Kaufmann, Memberen: Pascal Garçon, Renée Kaufmann-Berens, Christine Lallemand, Michel Lallemand, Joëlle Mergen-Beaudeux, Maisy Unsen-Mehlen.
https://youtube.com/shorts/FceSHZYT8wY?si=_ims6a_JeLppDmKU
Fotoen/Text: ML