30 Joer Fraen a Mammen Réiden

30 Joer Fraen a Mammen Réiden.

D’Fraen a Mamme vu Réiden hunn hir 30. Generalversammlung an der Aula zu Réiden ofgehale fir op d’Joer 2025 zeréckzekucken. Awer och op 30 Joer Fraen a Mamme Réiden.

D’Presidentin Martine Lallemand-Wio huet d’Invitéë begréisst; d’Vertrieder vun der Gemeng, den Här Buergermeeschter Henri Gerekens, souwéi de Cheffe Jeff Lisarelli, Konseilleeën, Madamme Monique Kuffer, Jeanny Welfring, Monqiue Wolsfeld, an den Här Lucien Bucari. Madamm Danielle Arend war entschëllegt. Madamm Joke de Kroon, Vizepresidentin vun der ACFL Lëtzebuerg, an Madamm Elke Grün vun der Nationalaumônerie ACFl. Madamm Marie-Claire Rasqué Presidentin vun de Fraen a Mamme Par Atertdall Sainte-Claire, a Regionalvertriederin vun der ACFL, vum Nidderpallener Gesank Madamm an den Här Betty a Manfred Heimermann-Wio, vum Pastoralrot aus der Par Atertdall Sainte-Claire Madamm Betty Wio. Häre Frank Wiltgen a Änder Loutsch vun der Associatioun: Pour une parenthèse asbl, esou wéi den Här Deche Jean-Jacques Flammang S.C.J. Entschëllegt war d’Éierepresidentin Madamm Rosa Pletschette-Wolter.

D’Presidentin ass och gläichzäiteg d’Sekretärin vum Veräin an huet den Aktivitéitsbericht virgedroen, den och no 30 Joer bestoen nach ëmmer gutt gefëllt ass.

Eisekuche baken am Cactus, Votum Solemne – mat enger ganzer Equipe vu Réiden, Generalversammlung 2025 mat Scheck-Iwwerreechung un d’Epicerie sociale vu Réiden, Weltgebietsdag vun de Fraen zu Rued/Syr zum Thema: «Wunderbar geschaffen» vun de Cookinselen, Weltgebietsdag vun de Fraen zu Ell organiséiert vum Parkommité, Konscht- an Hobbymaart zu Nidderpallen, Primiz vum Père Antoine Do, Pilgerdag vun eiser Par an der Oktav, Virowend vun Nationalfeierdag, deelgeholl um Te Deum an un Volleksfest, Schoulfest zu Réiden, de Benefice war fir den Elterecomité, Pilgerfaart op Banneux, Kropemannsfest, Generalversammlung ACFL Lëtzebuerg. Membere vun de Réidener Fraen a Mammen hunn un Aktivitéite vum Parkommité vun de Fraen a Mammen deelgeholl.

Des weidere ware 4 Kommiteessëtzungen, deel huelen un de Versammlunge vun der Kropemannsfest asbl a vum HPPA fir d’Atertfest am Altersheem.

Ee kuerze Réckbléck vum Veräin:

De Veräin ass den 3. November 1995 gegrënnt ginn. Éieregäscht waren d’Häre Paschtéier René Fisch a Kemmer. Vun der ACFL war Presidentin Madamm Gisèle Kirsch uwesend. Madamm Rosa Pletschette-Wolter war déi éischt Präsidentin. Och deemools waren direkt vill Aktivitéiten: Kaffisstuffen, Faaschteniessen, Glühwäin, Pilgerfaarten – asw. All Mëttwochmëtteg Aktivitéiten am Altersheem zu Réiden.

D'Caissière Sonja Mores dréit de Keesebericht fir. Doraus geet ervir dass de Veräin ee gudde finanzielle Réckgrat huet.

Och Caissière mécht ee Réckbléck, a ka ganz stolz virdroen, dass Fraen a Mamme Sektioun Réiden an deenen 30 Joer Spende vu 94.512.-€ gemaach hunn. ( dat sinn 3.812.605.- LUF)

Caisserevisoren, Madamme Suzi Reichling-Aubart a Christiane Scholtus-Meyer, froen Versammlung fir der Caissière fir hir mustergültig Keesféierung Lossprechung ze ginn, wat Versammlung och mécht. a soen de Veräi soll déi Caissière nach laang um Posten halen. D’Caisserevisoren, huelen den Optrag och fir eent weider Joer un

Fir 2026 sinn eng Rei Aktivitéite virgesinn. Eng dervun ass als Merci eent Iesse fir d’Memberen.

Den Aumônier, de Pater Jean-Jacques Flammang S.C.J., huet ënnerstrach wéi wäertvoll d’Arbiicht vun de Fraen a Mammen ass, an dass Don’e maache grouss geschriwwe gëtt. An dass déi Réidener Sektioun landeswäit fir hir Eisekuche bekannt sinn.

De Buergermeeschter huet Merci gesot fir alles wat Fraen a Mammen an, a fir d’Gemeng mécht. Fir dat groussaartegt Engagement, a seet dass Gemeng ganz gären den Éierewäi bäi esou enger Geleeënheet gëtt.

Vizepresidentin vun der ACFL, Madamm Joke de Kroon, déi Jorelaang an der Par täteg war, iwwerbréngt ee grousse Merci vum Landesverband.

Madamm Elke Grün, seet och Merci fir déi drësseg Joer , a weist drop hin dass de Landesverband dëst Joer säin 80. Anniversaire feiert.

Madamm Marie-Claire Rasqué-Dolizzy, Regierungsvertrieder vun der ACFL Par Atertdall, seet Merci fir déi gutt zesummen Arbiicht, a wënscht vill Gléck fir d’Zukunft.

D'Presidentin Martine Lallemand-Wio huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en häerzleche Merci gesot fir déi Ënnerstëtzung, an huet sech gewënscht dat dat an Zukunft esou bleift.

Dëst Joer gëtt ee Schéck vun 2.500€ un, Pour une parenthèse asbl iwwerreecht. Den Här Änder Loutsch erzielt wat si alles maachen, a weist ee Film.

Mam Éierewäin an engem gudde Maufel ass den Owend ausklénge gelooss ginn.