De Foulschter Gesank kuckt mat Zouversicht an d’Zukunft
um weitere Bilder zu sehen.
An hirer Begréissung huet d’Presidentin Martine Lallemand-Wio Memberen, de Kommitee, Madamm Buergermeeschter wëllkomm geheescht, an entschëllegt déi, déi sech ofgemellt hunn. D’allgemeng Situatioun vum Chouer ass gutt, an eent intensiivt Joer ass erlaanscht.
An hir Wierder: Ech géif iech gären all merci soe fir ären Asaz, souwuel gesanglich wéi och organisatoresch am Kommitee an doriwwer eraus. Et gëtt vill iwwer Benevolat geschwat. Mee fir ëppes opweises ze hunn, muss ee scho Member an engem Veräi sinn.
Um Enn vum leschte Joer hat de Gesank déi flott Geleeënheet vun der Aweiung vum renovéierte Gesankssall, an dofir ee grousse Merci der Rammerecher Gemeng.
Den Aktivitéitsbericht vum Sekretär, dem Här Emile Salentiny huet gewisen, dass de Kalenner gutt gefëllt war. 40 Prouwen an zousätzlech 7 Regësterprouwen fir d’Dammen an 8. fir d’Häre, an ee Proufdag. Fir d’Johannespassioun vum J.P. Kemmer waren nach 4 Prouwe mat der Chorale vu Wuermer zesummen. Gesonge goufe 4 Konzerten an 8 Massen. Des Weideren: Tradit. Owend vum Foulschter Gesank fir seng Memberen; Participatioun um Fierkelsmaart zu Rammerech; Particip. um Te Deum; Grill-Mëtteg vum Foulschter Gesank, an deel huelen um Bam-Challenge mat planze vun engem Bam zu Foulscht. De Kommitee ass 5 mol zesummekomm. Am Veräi sinn 41 Memberen, 20 Dammen an 21 Hären. Déi jéngste Sängerin huet 14 Joer, an déi eelsten 78 Joer. Den Altersduerchschnëtt ass 49 Joer.
De John Kaufmann huet a sengem Finanzbericht e klenge Minus däerfe feststellen. Dem Chouer seng finanziell Basis ass gutt. D’Keeserevisore Michel Ries an Anny Elsen froen Decharge fir de Keessier. D’Keess ass gutt gefouert, an duerfir d’Entlaaschtung fir de Keessier vun der Versammlung.
Festsetze vun der Cotisatioun fir d’Joer 2026-27: Cotisatioun bleift bei 0 Euro.
Budgetsprevisioune fir d’Joer 2026: De Budget gouf eestëmmeg ugeholl.
D’Wuert vun der Dirigentin
Si deelt vill Merci’en aus. Johannespassioun war een Erfolleg. Merci fir d’Vertrauen. Merci u jiddereen dee Masse mat séngt a sech fir Begriefnisser arrangéiert. Dëst Joer well Si méi Regesterprouwe maachen. Eng nei Persoun huet sech gemellt fir schnupperen zekommen, nodeems Flyere raus gaang sinn
Bäi der Fro, op de Chouer sech virstelle kéint op engem Festival matze maachen, hei am Land oder am Ausland, waren d’Leit am Prinzip dofir.
Merci vum Kommitee aChouer un Dirigentin.
D’Wuert vun der Madamm Buergermeeschter.
Si huet am Numm vun der Gemeng Dankeswierder und d’Versammlung geriicht an d’Wichtegkeet vum Veräinsliewen an deenen aktuellen Zäiten, ervirgehuewen.
Wa nach Iddi’en fir Formatioune fir Veräiner do sinn, kann dat der Gemeng gär mat gedeelt ginn.
De Veräi soll kleng Videoe maachen an der Gemeng schécken. D’Gemeng schneit dat zesummen an all Trimester gëtt ee Video vun de Veräiner gemaach (bis zu 20000 Views).
Et ass der Gemeng wichteg, dass mir do sinn an een Deel vun der Gemeng sinn.
Merci vum Chouer un d’Gemeng fir logistesch Ënnerstëtzungbei der Johannespassioun an och soss wa mer eppes brauchen.
Fräi Aussprooch a Verschiddenes.
Konzertmeister-App. Gëtt an enger Prouf virgestallt andann
No der Versammlung gouf den Owend mat engem Patt an enger Agape aus klénge gelooss ginn. Merci dem Maisy fir dee gudde Maufel.