Kultur a Glawe bréngen d’Leit zesummen

D’Veranstaltunge vum Weekend vun den Oppene Kierchen an eiser Par hunn eng bemierkenswäert Resonanz fonnt. Am Kader vum Thema: Plaze vun der Erënnerung, gouf an der Kierch zu Räichel ee Filmowend an eng Serie vu Konferenzen iwwer d’Liewe vum Mgr Bernard organiséiert.

De Film Der neunte Tag war mat 40 Visiteure gutt besicht, dorënner och Gäscht aus der Stad, déi de Wee bis heihinner fonnt hunn.

Groussen Zousproch haten och déi dräi Virträg iwwert d’Liewe vum Mgr Bernard, un deene vill Interesséierter deelgeholl hunn. Bemierkenswäert war, datt och Leit vu bausse vun eiser Par dobäi waren, wat d’Bedeitung vum Thema nach eemol ënnerstrach huet.

Zu Räichel war d’Veranstaltung e vollen Erfolleg a gouf vun de Participanten immens positiv opgeholl.

Zu Réiden hunn ech bei der Kierch zwou Féierunge vun de Monumenter an dem Zaldotegraf ugebueden. Trotz de méi klenge Gruppen ass et zu engem intensiven Austausch an engem oppene Gespréichsklima komm.

Zum Schluss ee Merci un all déi, déi komm sinn, déi matgemaach hunn an déi sech Zäit geholl hunn. E besonnesche Merci geet un d’Gemeng Réiden fir hir Ënnerstëtzung an déi gutt Zesummenaarbecht. Text a Fotoen ML