Happy Birthday Männerkouer Atertdaul



Galaconcert war e vollen Erfolleg

Foulscht: Wann een Gebuertsdag feiert, ass et de Brauch, dat Besuch invitéiert gett, fir och zesummen können ze feieren. Esou hat de Männerkouer Atertdaul am Kader vu sengem Galaconcert mam Thema „Queesch duerch Europa“ am Kulturzenter zu Foulscht, de Männerchouer Béiwen/Atert invitéiert, fir de 25.Gebuertsdag och würdig de begouen. Ronn 540 Gesangliebhaber waren der Aluedung vum Männerkouer aus dem Kanton Réiden nokomm an hun wärend e puer Stonnen, di zwéin Owender flott Melodien zu Ouere kritt. No der Begréissung vum Marie- Anne Kugener- Goethals, war et och un him fir de Programm vum Männerkouer Atertdaul verbonnen mat sengem gewinnten Humor a Witz, virzestellen, déi hirt Können och mat bekannten Melodien ënnert der Leedung vun hirer Dirigentin Adriana Mitù, mam Christian Simon um Piano an dem Benoît Schmeler op der Perkussioun, gespickt mat Soloeinlagen,och bäschtens bewissen hun. Den zweeten Deel vum Owend war dem Männerchouer Béiwen/Atert virbehaal, wou d’Moderatorin Berthe Elsen- Melkert dene villen Zuhörer och e gefällige Programm mat schéine Melodien konnt presentéieren. Begleet sin d’Éieregäscht vu Béiwen/ Atert vum Christiane Parries- Schiltz um Piano. Direktioun vum Chouer hat Marguerite Thomé- Schmit iwerholl. Beim drëtten Deel vum Gala- Concert hun di zwéin Chéier dunn zesummen nach e flotten Gesangprogramm presentéiert, den och no e puer vum Publikum gefuerdeten Zugaben mat vill Applaus e würdigen Ofschloss fond huet. Zum Schluss huet de Claude Mathekowitsch am Numm vun den Gesangsfrënn vu Béiwen/Atert dem Männerkouer Atertdaul ganz haerzlich zu ihrem 25. Gebuertdag gratuléiert an hinnen alleguerten och eng erfollegräich Zukunft gewënscht. Bleiwt ze bemierken dat e puer Sänger souwi och de President Marc Sauber krankheetshalwer leider di zwein Owender nit konnten derbéi sin. Di vill Gäscht hun sech di schmackhaft assiette am Ufank vun den Opféierungen och gut schmaache geloos. (CR) (Foto: Charel Reiser)