Wa Jonk an Al zesumme sangen

Gala Concert 2019 vum Foulschter Gesank

De Foulschter Gesank huet zesumme mat engem Kanner a Jugendchouer iwwer 200 Léit op hirem Gala Concert " Vu Klassik bis Pop" ze begeeschtere gewosst. Dee jéngste Sänger(in) war 5 Joer al, an deen eelste 85 Joer. De Concert huet ugefaange mat : Attention, Mesdames et Messieurs (Michel Fugain), weider goung et mat: Zigeunerlieder 1-5 (Johannes Brahms), Die Kirschen in Nachbars Garten, Solist : Amand Ludovicy, Adiemus (Karl Jenkins), Zu Arel op der Knippchen (arr. Jean-Paul Majerus), A million dreams aus dem Film „The Greatest Showman“, Solistinnen : Caroline Garçon a Liz Heimermann, an als Ofschloss vum éischten Deel, Londonderry Air (Danny Boy arr. Carsten Gerlitz) No der Paus ,war et dunn um Kanner a Jugendchouer deen Zuschauer mat dem Stéck Arielle, die kleine Meerjungfrau - Medley (arr. Roger Emerson) begeeschter huet. Si kruten ee riesen Applaus an och direkt eng Zugab gefrot. Duerno goung et weider am Programm mat, Some Nights (Fun), In diesen heil’gen Hallen aus Die Zauberflöte (W.A. Mozart) Solist : Lou Wio, Zieh die Schuh’ aus (Roger Cicero), Marie Madeleine (aus der Operett „D’Joffer Marie-Madeleine“, Jos Imdahl), Solistin: Christine Lallemand, The Beatles in Revue – Medley (arr. Ed Lojeski). De Publikum huet zwou Zugabe gefrot, déi zesumme vum Kanner a Jugendchouer an dem Gesank gesonge gi sinn. Als 1. Bis: La maladie d’amour, 2.Bis : We are the World. Duerch de Programm hunn mat vill Charme a Witz Caroline Garçon a Christine Lallemand gefouert. Piano: Pit Heyart; E-Bass: Georges Dondlinger; Perkussioun: Jang Wio. Dat ganzt stoung ënnert der Leedung vum Claire Garçon-Wio. De Foulschter Gesank invitéiert Iech dann och op séi Chrëschtconcert den 22. Dezember op Foulscht an d'Parkierch, wou Dir am zweeten Deel vum Concert den Ensemble vocal (Damenensembel) „LES ENCHANTÉES“ lauschtere kënnt. (Fotoen LK)

Weitere Neuigkeiten von Foulschter Gesank >