Chrëschtconcert

De Foulschter Gesank invitéiert Iech ganz häerzlechst op säin traditionelle Chrëschtconcert de 18.12.2022 zu Foulscht an der Kierch. Dëst Joer hu mir Chorale Sainte Cécile vu Keespelt/Meespelt als Gaascht bei äis. Loosst Iech mat besënnlechen a freedege Melodien op Chrëschtdag astëmmen! Wéi all Joer invitéiere mir Iech nom Concert op eng Zopp mat engem gudde Patt an de Centre Culturel.