125 Joër Chorale Sängerbond Furen

125 Joër Chorale Sängerbond Furen

Bäi Geleeënheet vun hirem 125. Jubiläum huet d’ Chorale Sängerbond Furen den 28. Oktober een schéinen Concert mat Uergel a Gesank opgefouert.

Zesummen mat 3 Gaschtorganisten an mat der personeller Verstärkung vun e puer Sängerinnen a Sänger aus Nopischveräiner stungen Wierker vun e.a. Kinzé, Leblanc, Bach, Mendelssohn, Mozart a Franck um Programm. E grousst Publikum huet eng gudd Léschtung mat hirem Applaus honoréiert. Bäi engem gudde Pättchen, offréiert vun der Gemengeverwaltung, ass dësen agreablen Owend ausgeklongen.

Foto: Josy Weber

Weitere Neuigkeiten von Paul Muller >