Fest vun der Hl. Cäecilia zu Furen

Bäi Geleeënheet vun der dësjähriger Feier zu Eire vun der Patréinisch vun de Sänger der Hl. Cäecilia huet den Här Paschtouer Jeannot Gillen déi feierlich Mass fir all lieweg a verstuerwen Memberen zelebréiert, d'Uergel huet den Här Jacques Theis gespillt. No der Mass huet den Här Gillen dem Gesangveräin fir hier trei a wertvoll Déinster Merci gesot a vill Courage fir d'Zukunft gewënscht. Den Dirigent a Prësident Pol Muller huet séngersäits säin groussen Respekt virun jidfer eenzel Sängerin, Sänger an Organist ausgedréckt a Merci gesot well sie alleguer déi richtig Astellung matbréngen, virun allem Freed um Sangen. Duerno huet den Här Gillen folgend Mitglieder mat enger Medaille vum Piusverband ausgezeechent: Eng Goldmedaille fir 30 Déinstjaren fir d'Yolande Hamus-Hertoghs, eng Goldmedaille mat Palmetten fir 40 Jar Déinst am Gesank fir d'Marie-Claire Petry-Sauber (sie konnt d'Medaille awer krankheitshalber nët entgéint huelen) an eng Goldplakett fir 50 Déinstjaren fir de Gilbert Hamus an de Pol Muller.

Weitere Neuigkeiten von Paul Muller >