10 Joer Café Baesch – beim Scharlène - zu Garnech

10 Joer Café Baesch – beim Scharlène - zu Garnech

Viru kuerzem hat d’Scharlène Ballavoisne invitéiert, fir seng 10 Joer als Wiertsfra am Café Baesch zu Garnech ze feieren.

Vill Leit waren um Rendez-Vous : Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot, Vertrieder vun de Veräiner, Fournisseuren, Clienten a Frënn.
E grousse Merci riicht d’Scharlène u säin Depositaire, d’Haus Mangen & Krack vu Schuller, un d’Kellerei Cep d’Or an un d’Brauerei Bofferding. Och denkt d’Scharlène un d’Proprietärin vum Haus, déi viru kuerzem gestuerwen ass.

D’Scharlène Ballavoisne ass aus Frankräich a seng Elteren haten doheem selwer e Bistro a Restaurant. Am Alter vun 19 Joer ass d’Scharlène am November 1991 op Lëtzebuerg komm an huet am Café de Commerce op der Cap ugefang mat schaffen. Duerno war hat ënnert anerem am Chapeau Melon zu Stroossen an am Café zu Bouneweg am Service. Den éischte Kontakt mat Garnech krut d’Scharlène 1999, wéi d’Annette Tadaszak de Café Baesch iwwerholl huet an d’Scharlène heiansdo ausgehollef huet.

Wéi dunn d’Annette mam Bistro opgehalen huet, ass d’Scharlène den 1. Februar 2004 déi nei Wiertsfra am Café Baesch ginn.

Am Laf vun 10 Joer ass vill geschitt a mir hu vill flott Momenter zesummen erlieft. De Bistro ass och renovéiert ginn.

De Café Baesch ass op vun Dënschdes bis Sonndes. Mëttes krit Dir ee Menu du Jour servéiert; Owesiessen ass op Bestellung. Dir kënnt Är Familljefester am Café Baesch feieren. Am Wanter organiséiert d’Scharlène seng kulinaresch Weekender wou entweder Lëtzebuerger Kascht oder e puer Zorte Mullen servéiert ginn.

De Café-Restaurant Baesch – beim Scharlène – Äre Bistro
32, rue des Trois Cantons L-8354 GARNECH.