GARNECH : Concert "Music with Friends" am Kader vum Télévie

D'Garnecher Musek invitéiert Iech op de Concert "Music with Friends" Samschdes de 17. Mäerz 2012 um 20:00 Auer am Veräinssall zu Garnech (6, rue des Sacrifiés).

Mir si frou d'Mäerterter Musek ënner der Direktioun vum Henri Schneider derbäi ze hunn. Si spillen den éischten Deel vum Concert an d'Garnecher Musek, ënner der Direktioun vum John Schneider, spillt den zweeten Deel.

Dëse Concert steet am Zeeche vum Télévie - den Erléis vun den Entreesrecetten geet integral un Télévie.

www.garnechermusek.lu