Elisabeth Enfance begréisst eng nei Crèche a sengem Reseau

Elisabeth Enfance huet säit dësem Joer eng nei Crèche a sengem Reseau: de „Foyer de jour Siweschléifer“ zu Gaasperech!


Ofgesi vun de Kanner, déi wéi Siweschléifer schlofen, huet awer leider nach kee Siweschléifer de Wee an d’Crèche fonnt. Dofir komme par contre reegelméisseg Kaweechelcher zu Besuch a luusse ganz virwëtzeg duerch d’Fënster eran.

Méi Informatiounen iwwer de „Foyer de jour Siweschléifer“ fannt Dir hei: https://csiw.elisabeth.lu