Eng nei Musical-Oper an der lëtzebuergescher Musical- an Operewelt

Vru kuerzem hat d’OPERAMUS asbl seng Generalversammlung. Operamus gouf am Dezember 2017 gegrënnt fir Bünewierker op ze féiere mat lëtzebuerger Kënschtler. Den Ufank sollt gemaach gi mam Serge Losch senger Musical-Oper I.N.R.I. , a verschiddene Stiler a Sproochen, mat der Passioun vum Jesus vun Nazareth als Thema. Doropshin gouf vill geschafft ma leider ass eng Opféierung ons aus verschiddenen Ursaache verwiert bliwwen. Et gouf awer eng duebel CD opgeholl, un där vill bekannt lëtzebuerger Gesangs- a Musekskënschtler matgewierkt hunn:



I.N.R.I. eng nei Musical-Oper an der lëtzebuergescher Musical- an Operewelt


Aus dem Titel geet kloer eraus, datt ëm d‘Passioun geet, méi genee gesot, ëm déi lescht Deeg am Liewe vum Jesus vun Nazareth vum dem Ament un, wou hie mat senge Jénger iwwert d‘Baach Kidron an de Gaart vu Gethsemanee geet bis d’Opersto‘ung. Och haut ass d’Thema nach aktuell, well Leed, Näid, Haass ... ginn et nach ëmmer.


Frësch opgeschafft gouf dat Thema a Form vun enger Mëschung aus Oper a Musical, gréisstendeels op Lëtzebuergesch (a verschiddenen Dialekter fir der deemoleger Sproochesituatioun ze entspriechen), donieft och Latäin, Griichesch, Aramäesch an Hebräesch. Ganz verschidde Musikstiler, vu quasi Renaissance bis Swing a Rock, kommen zum Asaz. D‘ Orchestréierung ass dem ugepasst, vun der erweiderter Big Band bis zum grousse symphoneschen Orchester.


Text a Musik stamen aus der Fieder vum Serge Losch deen a jorelaanger Aarbecht no ufanks laangen Nofuerschungen d‘ Passioun a Musik ëmgesat huet.



Firwat gouf se nach net opgefouert ?

Et schéint, wéi wann déi meeschte lëtzebuergesch Kulturhaiser, mat e puer Ausnamen, sech net mat onbekannte Wierker engem Risiko wéilten aussetzen oder sech esouguer eiser Kultur, Sprooch an eiser Kënschtler ze schummen. Dofir gouf d’éischt eng Duebel-CD produzéiert, déi ee gemittlech a geschützt doheem, am Auto... lauschtere kann. Wuelbekannte lëtzebuergesch Musiker sinn ze héieren: Jean-Paul Majerus, Jean-Marie Kieffer, Marc Dostert, Isabelle Heischbourg, Martine Breisch, Karin Müller, Jeannot Goergen, Paul Feitler, Jules Speller, Camille Kerger, Raymond Majerus, Thierry Mersch...; Guy Kleren, Michel Volkmann, Gérard Frisch, Nico Wégé .... Eng Auswiel vun den „Amis du Chant“ hunn de Chouer gesongen.

Dir kënnt dës Duebel-CD mat Bichelcher op Lëtzebuergesch an Englesch (franséisch an däitsch Iwwersetzunge si sonner ze kréien) bestellen doduerch datt der 25€ (+5€ Schéckkäschten) op de Kont vun der Operamus asbl iwwerweist: LU35 1111 7070 0468 0000 CCPLLULL mam Vermierk „INRI-CD“.


Den Erléis vum Verkaf geet un d‘ Kriibsfuerschung.