OPERAMUS – Generalversammlung vum 24. Februar 2022


De 24. Februar 2022 huet OPERAMUS asbl seng Generalversammlung ofgehal.

De President Serge Losch wor frou, d'Leit nees begréissen ze kënnen, nodeems am Joer 2021 esou gutt wéi keng Méiglechkeet bestanen huet fir sech ze treffen. Dem Sekretär Roland Gut säin Aktivitéitsbericht wor och deementspriechend kleng grad esou, wéi dem Keesjee Romain Kremer säi Finanzbericht: d'Finanze si gesond. D'Keeserevisoren hunn de Keesjee an duerno huet d'Versammlung de ganze Komitee entlaascht.

Well aus verschiddene Grënn d'Musical-Oper «INRI» bis elo net konnt opgefouert ginn, ass awer eng duebel CD opgeholl ginn: et si nach e puer Stéck iwwreg. Leit déi ons CD kafen an domadden e gudden Zweck ënnerstëtze wëllen - de ganzen Erléis vum Verkaf geet nämlech un d'Fondation Cancer - kënnen dat maachen andeems si 25€ (+5€ Versandkäschten) op de Konto LU35 1111 7070 0468 0000 vun der OPERAMUS asbl iwwerweisen mam Vermierk: «INRI-CD, Numm+Adress», d'CD gëtt dann heemgeschéckt.

D'Sëtzung guef duerno opgehuewen an der Hoffnung a nächster Zukunft nees méi aktiv kënnen ze sinn.