Mir ginn net op

En Vue vun der Krise sanitaire huet d’Gaasperecher Musek decidéiert hiir uerdentlech GeneralVersammlung den 17. März, via online iwwert ZOOM ze presentéierën.
Dëst an Zesummenarbecht mat ApartTV. Et war eng gelongen Versammlung.
De Secretær huet ewéi all Joër den Aktivitéitsbericht iwwert eng Powerpoint Presentatioun iwwerspillt.
D’Presidentin huet och net vergiess der Stadt Lëtzebuerg Merci ze soen fir d’Verfügung vum Muséksall an och fir d’Verfügung vun der Sportshal fir deen enzege Concert dee konnt presentéiërt ginn, den 10. Oktober 2020 ennërt dem Thema « Sounds of Movies » D’Presidentin huet am Numm vom Komittee Merci gesot, all de Memberen a Frënn déi eis am Laaf vum Joër ennerstëtzt hunn, siew et durch hiir Memberskart an/oder een Don. D’Presidentin huet och der UGDA Merci gesot fir déi finanziell Ennerstëtzung an desën schwéierën Zaiten. Eise grousse Concert fir den „60ten Anniversaire“ konnt och net presentéiert ginn. De Komittee huet awer decidéiërt eis Brochure „60Joër Gaasperecher Musek“, déi firgesinn war, dëst Joër erauszebrengen. Dem Dirigent Lionel VALERI an dem ganze Muséksensembel einfach MERCI.
Luust emol op eis Internetsaït erann www.hmlg.lu an och op www.facebook.com « Gaasperecher Musek »
Txt a Foto md