Wéi gestalten ech meng Zukunft? Jugendtreff Norden goes Deng Zukunft – Däi Wee

Dee passende Beruff oder Studiegang auszewielen ass net ëmmer einfach. Fir déi Entscheedung z’erliichteren huet de Jugendtreff Norden (Elisabeth Jeunesse) zesumme mat 3 jonke Meedercher d’Infobourse „Deng Zukunft – Däi Wee“ am Shopping Center Cloche d’Or besicht.

Op der Infobourse konnte si sech iwwer déi verschidde Méiglechkeete fir hir Zukunft ze gestalten informéieren. Si waren esou guer extra moies dohinner gaange fir sech gutt Zäit ze huele fir alles z’entdecken. Zwee vun de Meedercher hu vun dëser Occasioun profitéiert fir nei Fotoe fir hir CVe maachen ze loossen.


Alles an allem huet et hinnen op der Infobourse ganz gutt gefall well si vill Neies bäigeléiert hunn. Mir hoffen dass mir de Jonke konnten hëllefen, hiren Zukunftswee ze fannen a wënschen hinne bonne Chance bei hirer Entscheedung.


Méi Informatiounen iwwer Elisabeth Jeunesse fannt Dir hei:

https://elisabethjeunesse.lu/