Héijen Besuch op "Léiffrawëschdag", de 15. August 2014 op der Giischterklaus.

Letzte Freideg, 15. August, op dem Fest Mariä Himmelfahrt war eisen Hochwürdigsten Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zu Besuch op der Giischterklaus.

An enger feierlicher Pontifikalhoumass, wou keng Plaz méi fräi bliwwen ass, huet hien ë.a. den "Wësch" geseent an ganz schéin iwwert d' Bedäitung vum Fest Mariä Himmelfahrt fir de Glawen, gepriedegt.

Op Invitatioun vun dem Här Pastuer Luc Schreiner, hunn d'Chéier vun Bur-Méischdrëf ënner der Leedung vun hirem Dirigent, dem Här Léon Nies dës würdeg Festmass mat Bravour gesongen. Op der Uergel huet den Här Claude Nies begleed.

Nomëttes huet den Msgr. Hollerich an der struppevoller Kapell, d'Pontifikalandacht gefeiert.

D'Sänger an d'Sängerinnen vum Kirchenchor Karlshausen-Rodershausen (D) hunn ënner der Leedung vun hirem Organist an Dirigent, dem Här Reiner Simon, mat schéinem beandrockenden Gesang dës Andacht verschéinert. -

a.st.