Scheckiwerreschung Fraen a Mammen Gemeng Géisdref

Am Juli 2023 war zu Nacher am Sall d‘Scheckiwerrechung vun de Fraen a Mammen aus der Gemeng Géisdref un d‘Organisatioun Wonschkutsch.De stolze Montant vun 1.250 € as den Erléis vun enger Kaffisstuff, déi am Oktober 2022 organiseiert gi war. D‘Wonschkutsch hëlleft mat dëse Suen en absoluten an vläicht och leschten Wonsch vu schwéierkranken Leit ze erfëllen.