Scheckiwwereschung

Viru kurzem hunn d‘Fraen a Mammen aus der Gemeng Géisdref nik manner wéi 2.500.-€ un d‘Associatioun „Trauerwee“ ASBL gespend.
Am Laf vum Joër goufen verschidden Aktivitéiten duerchgefouert wéi z.B. organiséiren vun engem Kannerfuesbal oder engem italienischen Owend, oder och nach d‘Partizipatioun um Chrëschtmoart,…Dobäi si ganz fläissig Suen gesammelt ginn.Eis Sektioun konnt esou dës ASBL finanziell ënnerstëtzen fir datt si hirt Engagement och an Zufunft weiderféieren können.
Trauerwee ënnerstëtzt Kanner a Jugendlicher beim Verloscht vun engem léiwe Mënsch a begleed se an hirer Traueraarbicht.Gläichzäitig gin ewer och d‘Elteren am Ëmgang mat hiren trauernden Kanner gestäipt.