« Souvenirs, Souvenirs »: Konveniat vun der Fanfare Gouschteng-Beyren

Viru kuerzem huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren e Konveniat organiséiert mat der Idee all fréier Memberen, sief et Musikanten, Comitésmemberen, oder Dirigenten erëm eng Kéier zesummen ze féieren an sech bei engem gudde Maufel an engem Pättchen erëm ze gesinn.

De President Alain Thill huet jiddereen begréisst an och un déi erënnert déi d’Musek fir ëmmer verlooss hunn an elo an engem aneren Orchester spillen.

Bei guddem Wierder gouf den Aperitif zesummen geholl an et goufen scho vill schéin Anekdoten an al Spiichten ausgetosch.

Vill al a flott Dokumenter (am Bild an am Toun) aus den Archive vun der Fanfare konnten och gekuckt ginn.

Den Héichpunkt war dunn awer déi éischt ëffentlech Opféierung vum Roby Tondt sengem Film iwwert 50 Joer Gouschtenger Musek deen hien mat der Ënnerstëtzung vum Josette Tondt gedréit, geschnidden a vertount huet. Als klenge Merci fir déi vill Aarbecht kruten si e Cadeau.

D’Leit ware begeeschtert vun dësem eemolegen an onbezuelbaren Zäitdokument an esou munchereen huet sech gefrot fir wat de Roby mat filmen opgehalen huet.

De Roby, e fréieren a laangjärege Musikant, war bereet eis doropper eng Äntfert ze ginn:**

D’gudd Laun war bis an déi spéit Owesstonnen um Rendez-vous an et ass nach lang zesummen gelacht ginn.


**D’Filmen war deemools e leidenschaftlechen Hobby vu mir, deen ech mat vill Asaz bedriwwen an dobäi de Frang net ugekuckt hunn.

1995 ass d’Digital Filmen op de Moart komm. Dës Technik, am Géigesaz zum Analoge Filmen, huet et erlaabt wertvoll Filmdokumenter mat besserer Qualitéit, ouni grouss Bildverloschter ze veréiwegen. Dat huet mech 1996 derzou bruecht d’Leit am Duerf, wéi se geliewt, geschafft a gefeiert hunn, a Bild an Toun festzehalen.

Nodeems ech 2002 mäin éischte Film „125 Joer Chorale Gouschteng“ ëffentlech gewisen hunn, war den deemolege Buergermeeschter ganz ageholl vu menger Idee. Esou huet de Gemengerot am Mee 2003 eestëmmeg säin Accord ginn, dëse Projet op Gemengeniveau weiderzeféieren. Dobäi krut ech niewent enger finanzieller Ënnerstëtzung och déi néideg Informatiounen fir meng Filmkommentarer, déi an engem Film eng wichteg Roll spillen, zougeséchert.

Dat bedeit ech war vu mengen Informatiounsquellen ofhängeg.

Vun deene Leit, déi zougesot haten mech an deem Beräich ze ënnerstëtzen, war et virun allem d’Gemeng, op déi ech mech verlooss hat. Am Laf vun der Zäit hunn ech allerdengs misse feststellen, datt meng Erwaardunge net erfëllt goufen. D’Zäit ass fortgelaf, d’Informatiounen sinn ausbliwwen a waren och net, wéi deemools vläit erwaart gouf, mat Geld ze kompenséieren.

Vill Aarbécht a Geld mengersäits war schonn an de Projet gefloss, dee schlussendlech aus mangelnder Hëllefsbereetschaft net konnt realiséiert ginn. Domatt bleiwen 11 Joer Filmmaterial, dat vu Joer zu Joer u Wert zougeholl hätt, de Bierger aus der Gemeng Fluessweiler an hiere Nokommen fir ëmmer enthalen.

D’Enttäuschung war grouss! Wéi gären hätt ech mäiLiewenswierk zu Enn bruecht. Ech hat virgesinn mindestens nach 8 Filmer aus mengem Filmmaterial ze realiséieren. UnIdeen an Asaz huet et mir ni gefeelt. Et wär mir eng Freed an eng Éier gewiecht fir d’Gemeng an domat fir déi spéiderGeneratiounen en eemolegt Dokument ze hannerloossen.

Mee bedauerlecherweis:  Ouni Informatiounen keeFilmkommentar, ouni Kommentar kee Film!