Adventsverkaf am Veräinshaus - Home Jean Welter

28
Nov
2025
28 Nov

D´Frënn vun de Maacher Guiden a Scouten organiséiere vu Freideg 28.11. bis Sonndeg 30.11.2025 hiren traditionellen Adventsverkaf am Veräinshaus – Home Jean Welter op Nr. 15 Rue de l´Eglise zu Gréiwemaacher. Déi genee Zäite kennt Dir op eisem Flyer gesinn.

Hiweise wëlle mer speziell op eis selwer gemaachten Adventskränz an Adventsdekoratiounen.

Um 1. Adventssonndeg, den 30.11.., bidde mer en Adventsmenu un.

Außerdem gëtt eng Tombola organiséiert an de Scoutsgrupp féiert e Krëppespill op.

Weider Detailer fannt Dir op eisem Flyer.

Org. : Frënn vun de Maacher Guiden a Scouten an de Scoutsgrupp Saint Laurent