„Brass meets Voices“ begeeschtert de Public zu Gréiwemaacher

Mat dem Concertsprojet „Brass meets Voices“ huet d'Maacher Chorale zesumme mat der Harmonie Union Troisvierges an dem Orchester L’Estro Armonico de Public op eng aussergewéinlech musikalesch Rees matgeholl. D'Noläuschterer konnten en Nomëtteg voller Emotiounen, Dynamik a musikalescher Qualitéit erliewen. Gläichzäiteg war dëse Concert den Ofschloss vun enger klenger Landestournée. No dräi erfollegräichen Optrëtter zu Ettelbréck an Ëlwen war Gréiwemaacher déi véiert a lescht Statioun vum Projet „Brass meets Voices“.


E besonneschen Héichpunkt vum Concert war den Optrëtt vum international renomméierten Euphonium-Solist Glenn van Looy. Mat senger virtuoser Technik, sengem expressiven Toun a senger grousser musikalescher Präsenz huet hien d'Publikum begeeschtert a fir vill beandrockend Momenter gesuergt.

Am Laf vum Concert huet d'Maacher Chorale, d'Harmonie, den Orchester an den Solist ëmmer nees zesumme fir aussergewéinlech Klangbiller gesuergt. Bekannte Melodien aus der Filmwelt hu fir emotional a matréissend Momenter gesuergt. Musek aus Filmer wéi Gladiator, Avatar, The Lord of the Rings an The Hunger Games huet de Sall mat imposante Kläng gefëllt.

Besonnesch ervirzehiewe war déi exzellent Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Ensembelen. De Klang vum Chouer, kombinéiert mat der Kraaft vun der Harmonie an de faarwege Nuancë vum Orchester, huet dem Concert eng ganz speziell Atmosphär ginn. D’Resultat war e musikalescht Erliefnis, dat d’Matwierkend an de Public gläichermoosse beréiert huet.

D’Chorale Municipale Grevenmacher seet all de Musekerinnen a Museker, den Dirigenten, de ville Benevollen an natierlech dem Public e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung an hiren Engagement. Déi positiv Resonanzen an de laangen Applaus um Enn vum Concert weisen, datt „Brass meets Voices“ e gelongene musikalesche Projet war, dee sécher nach laang a gudder Erënnerung bleiwe wäert.

Nach en speziellen Merci un eis Dirigentin Salome Harms-Sanchez dass et sech des nei Aventure mat der Maacher Chorale getraut huet an dem Dirigent Tom Henkes vun der Harmonie Union Troisvierges. Hien haat d'Gesamtleedung an huet et fäerdegbruecht all Elementer perfekt zu enger Eenheet ze formen.


Weitere Neuigkeiten von Marco Wagner >