Eis nei Mataarbechter entdecken déi vill Facettë vun Elisabeth

Och dëse Mount huet Elisabeth seng nei Mataarbechter am Kader vun der JOIN, der JOurnée d’INtégration, op eng Visitt a seng Strukturen invitéiert.

An der neister Editoun vun der JOIN goung et op Gréiwemaacher an de Päiperlécksgaart, ee vun eisen Ateliers d’Inclusion Professionnelle, sou wéi an eent vun eisen Altersheemer, nämlech d’Haaptmann’s Schlass op Berbuerg. Sou konnte sech eis Mataarbechter e Bild iwwert déi verschidde Facettë vun Elisabeth verschafen an hunn an engems e flotten Dag matenee verbruecht.

A wann Dir och elo Loscht hutt en Deel vun eiser Equipe ze ginn, zéckt net a kuckt op eisem Site laanscht: https://www.elisabeth.lu/offres-emploi/