Eng flott Begéinung tëschent de Kanner an de Päiperleken

Am Kader vun der Semaine de l’Enfance huet de Butzenhaff vun der Maison Relais Nommern eng flott Visitt an de Päiperleksgaart organiséiert. Alle béid Strukture gi vun Elisabeth geréiert, wat d’Evenement fir eis natierlech ëm sou méi schéi gemaach huet.


De Päiperleksgaart, ee vun den Ateliers d’inclusion professionnelle vu YOLANDE COOP S.I.S., huet déi kleng Visiteuren nawell zum Staune bruecht. Do gouf et sou vill ze gesinn an ze entdecken!