Generalversammlung vun Natur an Ëmwelt Kanton Gréiwemaacher


Am Stade Op Flohr, den 21. Abrëll 2023, konnt de President Emil Mentgen, niewt enger Rei Memberen, och d'Häre Jim Schmitz an Eugène Conrad aus dem Verwaltungsrot vun Natur an Ëmwelt, a Schäffen a Vertrieder vun den Ëmweltkommissiounen aus den Nopeschgemenge begréissen. Hien huet all de Membere vum Comité merci gesot fir déi geleeschten Aarbecht.

D'Joy Mentgen an de Patrick Krippes hunn zréck gekuckt op déi sëllegen Aktivitéiten déi organiséiert goufen. Iwwer en Infomail ginn d'Membere regelméisseg um Lafende gehal.

Et as dann och no vir gekuckt, an op déi nächst Aktivitéiten vun der Sektioun higewise ginn. Weider Informatiounen dozou fënnt een um Internetsite vun Natur an Ëmwelt.

Da gouf och nach d'Aktioun Fotokalenner 2024 lancéiert, bäi där jidferee ka matmaachen. D'Leit ginn dozou opgeruf bis Mëtt Oktober hir schéinste Naturfotoen anzeschécken. Eng Rei dovun wäerten dann am Kalenner ze gesi sinn.

Duerno huet de John Schmit eng gesond Finanzsituatioun présentéiert an de Keesse-Rapport, dee vun de Keessereviseuren Edgar Back a Sonja Kertz fir gutt befonnt gouf, gouf vun de Memberen ugeholl.

Um nächste Punkt stoung d'Deelerneierung vum Comité, woubäi et keng Changementer gouf. Am Comité sinn 11 Leit: Demesse Renée, Jost Maryse, Krippes Patrick, Meisch Jim, Mentgen Emil, Mentgen Joy, Nau Jos., Sagawe Frauke, Schmit John, Schubert Rainer a Wolter Anne.

Den Eugène Conrad vum Verwaltungsrot vun Natur an Ëmwelt huet dem Comité merci gesot fir déi flott Présentatioun vun hirem Jaresrapport a fir déi vill a gutt Aarbecht déi d'Sektioun Gréiwemaacher leescht.

De Vertrieder vun der Gemeng Gréiwemaacher, de Schäffe Marc Krier, huet op d'Wichtigkeet vun enger Organisatioun higewisen déi sech fir d'Natur asetzt a gemengt esou e Veräin sollt vun der Muselmetropol och déi Ënnerstëtzung kréien déi se verdéngt.

E weidere Punkt um Programm war eng Diskussioun mat de Memberen iwwer Wandrieder an iwwer den Zoustand an d'Renaturéirung vun der Syr. Eng Stellungnam zu dësen Themen gouf vun der Versammlung ugeholl a soll dann och publizéiert ginn.

Uschléissend un d'Generalversammlung huet de Marc Thiel vum SIAS e Virtrag gehalen iwwer: "Wie können Landwirt/innen zum Abschluss von Biodiversitätsverträgen motiviert werden?".

Hien huet gesot datt dës Verträg fir verschidde Betriber elo schon e richtegen Betribszweig sinn an datt een an déi Richtung misst weidergoen. Dofir ass eng anstänneg Entschiedigung fir de Bauer noutwendeg.

Och dëst Thema huet fir flott Diskussioune gesuergt a gewisen wéi een am Dialog zesummen eppes fir d'Natur kann erreechen.

Weitere Neuigkeiten von Natur An Ëmwelt Kantonalsektioun Gréiwemaacher >