175 Joer Groussbusser Pompjeeën

D' Groussbusser Pompjeeën feieren dest 175. Joer, doweinst huet rezent eng Feierstonn stattfonnt. D Sporthal zu Groussbus wor gudd geföllt, vill Prominenz aus Politik, wei och Vertrieder vun de Verainer an vum CGDIS hat sech afonnt.

De Président Luc Kirchen huet d' Leit begréisst, de Chef de Centre Philippe Flick huet sain Zenter firgestallt. Den Chef de Centre adjoint Serge Schank ass duerno kuerz op d Gebuertsstonn vun de Groussbusser Pompjeeën agangen, de Chef de Zone Alain Weigerber huet och d' Wuert agraff. De Buergermeschter Pol Engel huet no snger Usproch op dem Eirewain inviteiert. D' Feierstonn gouf musikalesch begleed vun der Groussbusser a Waler Musëk. D' Ausstellung 175 Joer Pompjeeën gouf uschleissend offiziell opgemeet. An deser Austellung gi Photoen mam Schweierpunkt op di lescht 25.Joer gewissen, ausserdem ass vill Material aus verschiddenen Epochen flott an Scene gesat. D' Austellung ass op Samsdes, de 12. November 2022 vun 14-20 Auer a Sonndes den 13.November 2022 vun 14-18 Auer