Éierung am Kader vum Buergbrennen


D'Groussbusser Pompjeeën anno 1847 hunn am Kader vun hirem Buergbrennen dovun profitéiert, fir hirem Veteran dem Jacques Schon Merci ze soen fir mei wei 60 Joër Buergbrennen, ganz Generatiounen hunn ënnert der Leedung vum Jacques geléiert, wei en d' Lach richteg schëppt, wéi d' Buerg gebonne gëtt a Villes mei.Dem Jacques seng stramm an onmëssverständlech Kommandoen beim Unhiewe vun der Buerg hunn mëttlerweil Kultstatus. D' Membere vun eiser Amicale hunn him eng Korbeille iwwerreecht an der Hoffnung, dat et nach lang Joëre Buergbrennen mam Jacques zu Groussbus gëtt.