3. Stroossefest zu Groussbus

Och di 3. Editioun vum Groussbusser Stroossefest organiséiert vun der "Gutt Noperen asbl" war erëm e vollen Erfolleg. Scho virmëttes haten sech eng Rei Leit afonnt fir di flott Maartstänn ze besichen oder sech deen een oder aneren Apero ze gënnen. Nom Mëttesiessen huet dunn d'Lisa Mariotto fir beschten Ënnerhalung gesuergt. Nieft dem Zauberer Magic Luciano haten d'Visiteuren nach d'Méiglechkeet e gemittleche Jeeptour ëm Groussbus ze maachen. Wéi scho bei den Editioune virdrun, spent de Busser Veräin erëm een Deel vum Erléis un den Télévie.