Alles op de Vëlo am Warkdall

Och dëst Joer war den traditionelle Bike4all erëm e volle sportlechen Erfolleg. Bei optimale Wieder Konditiounen haten sech vill Vëlosfuerer op d'Stréck tëscht Groussbus a Feele gemaach, woubäi deen een oder aneren sech et net huele gelooss huet, den Detour iwwer Dellen ze probéieren. Zu Groussbus huet d'Schankemännchen asbl fir dat leiflecht Wuel beim ale Police Büro gesuergt, an zu Dellen huet sech Deller Amicale dëser Charge ugeholl. Di 3 Gemengen, Feelen, Groussbus-Wal a Mäerzeg konnten zefridden si mam Publikumserfolleg, sou dat enger Editioun 2024 näischt am Wee dierft stoen. (Foto: Charles Reiser)