Chèque Iwwerreechung bei der "Schankemännchen asbl" zu Groussbus

An hirer rezenter Generalversammlung huet d'Schankemännchen asbl vu Groussbus e Chèque an Héicht vu 500 € un d'asbl "Stëmm vun der Strooss" iwwerreecht. Et war dëst den Erléis vu Consommatiounsbongen, wou Visiteuren am Kader vum Fräiliichttheater op de Remboursement verzicht hunn. Madamm Alexandra Oxacelay an hirer Funktioun als Directrice vun der "Stëmm vun der Strooss" huet sech erfreet iwwert de generéisen Don gewisen an ënnerstrach dat di Ënnerstëtzung am neie Restaurant social zu Ettelbréck agesat gëtt.