D'Schankemännchen asbl Groussbus feiert hiren 30. Gebuertsdag.

30 Joer ass et hier, méi genee den 22. Juli 1993, datt den 1. grousse Fräiliichtspektakel zu Groussbus opgefouert gouf, „De Schankemännchen“. Wat deemools als spezielle kulturelle Kader fir d’Aweiung vum neie Kulturzenter, dem fäerdeg renovéierte Prommenhaff, ugeduecht war, sollt sech spéider iwwert 3 Joerzéngte laang zu enger fester Gréisst an der regionaler a nationaler Theaterzeen etabléieren.

Honnerte vu Fräiwëllegen hunn de Veräin iwwert di Joren um Liewe gehalen, a sou war et dann och net verwonnerlech, datt vill fréier an aktuell Memberen der Invitatioun zur Gebuertsdagsfeier vum Organisatiounscomité ënnert der Leedung vum Jemp Schuster gefollegt sinn.

Et war der Presidentin, Christiane Thommes-Bach eng grouss Éier di vill Gäscht häerzlech ze begréissen, an all deene Merci ze soen, déi de Veräin zu deem gemaach hunn, wat en haut ass, sief dat op der Bün, hannert der Bün, sief et am Comité oder an den Opriicht-, Kostüm- Schmink- oder Catering-Ekippen, sou wéi an der Technik an och an der Regie.

Iert et zum eigentleche Programm vum Dag koum, mat vill Animatioun an Iwwerraschungen, hunn eng Rei Membere bei där, vun der Kënschtlerin Florence Hoffmann geschaafter Skulptur vum Schankemännchen, virun der Gemeng e Bouquet Blummen niddergeluecht, fir deene verstuerwene Memberen ze gedenken. (Foto: Mireille Gereke-Pletschette)