Dag vum Bam zu Groussbus

Um Dag vum Bam war et de Gemengeverantwortleche vu Groussbus ronderëm hire Buergermeeschter Paul Engel wichteg eng Planzaktioun mat de Schoulkanner z'organiséieren. Nodeems d'Gemengenaarbechter d'Lächer preparéiert haten, war et un den Däbbessen aus dem Precoce an der Spillschoul fir di einheimesch Hecken ronderëm de renovéierte Waasserbaseng zu Dellen ze planzen.