Elise Neises an Maria Pultz feieren 96. resp. 97. Gebuertsdag

Gebuertsdagsfeier um Neiseshaff

Groussbus: Madame Elise Neises- Bettel an Madame Maria Pultz- Audry hunn viru kurzem zesummen hieren 96. an 97. Gebuertsdag gefeiert. Der Madame Neises hire Papp an der Madame Pultz hir Mamm sinn Geschwester, an enstaamen, grad ewéi dem Premier Xavier Bettel sai Urgrousspapp aus enger aaler Schreinerfamill vun Ennereesbich. D’Elise Neises-Bettel hat am Juni Gebuertsdag, an staamt aus dem Bestietnis vum François Bettel an Marie Braconnier vun Ennereesbich. Sie ass dat eelst Kand vu fënnef Geschwester. Si ass 1951 mam Jacques Neises vu Groussbus bestued ginn, an Sie hu 4 Kanner kritt. Sie huet 4 Enkelen vun dene der haut nach 3 liewen, mat 6 Urenkelen. Den Jacques Neises ass 2003 verstuerwen, an Madame Neises -Bettel wunnt bis haut um Neiseshaff. Maria Pultz hat am September Gebuertsdag, an staamt aus dem Bestietnis vum Jean-Pierre Audry an Anna Bettel vu Walfer. Sie ass dat jéngst Kand vu drei Geschwester.Si ass 1947 mam Pier Pultz vu Bounneweg bestued ginn, an sie hu 2 Kanner kritt. Sie huet een Enkel an 2 Urenkelkanner. Den Pier ass 2009 gestuerwen,an Madame Pultz wunnt haut am Konviksgaart.Déi zwou Dammen haten sech geéiert gefillt datt den Här Xavier Bettel Zäit hat fir bei sengen Grousstattaen um Geburtsdag zu Groussbus derbei ze sinn. (Foto: Charles Reiser )(1. Foto: Charles Reiser - 2. Foto: Privat )