Grëmmelescht an der Gemeng Wanseler.

Vun Grëmmelescht an de Grëmmeleschter.


D'Gemeng Wanseler läit am Dall vun der Wolz, am Nordweste vum Kanton Wolz un der belscher Grenz, tëscht der Stauséigemeng, an de Gemenge Wolz a Wëntger. Am Nordweste stéisst se un d'Uertschaft Bras an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Wanseler ass eng vun de siwe Gemengen aus dem Naturpark Uewersauer.
Wanseler ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer den CR319. Bis 1967 war Wanseler och un d'Eisebunnsnetz ugebonnen an zwar iwwer d'Streck Wolz-Baaschtnech.
D'Kierch zu Grëmmelescht
ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par
Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum
Dekanat Norden an zu der Gemeng
Wanseler gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am südlechen Deel vun Duerf op der Duerfstrooss.
Datt Grëmmelescht schonn am Joer 1588 eng Kapell hat geet doraus ervir datt de Paschtouer vun Uewerwampech mat de Mompere vu Grëmmelescht Sträit hat wéinst der "Kiercherechnung".
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Näertrech, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Näertrech huet ausser der Filialkierch och nach d'Parkierch vun Näertrech gehéiert.
Déi Grëmmeleschter si fréier d'Spazéierbengele genannt ginn, déi zu Grëmmelescht fir d'éischt vum Schéifer Joseph Mellang, dee vu Knapphouschent gestaamt huet, aus riicht gewuessenem Louholz gemaach goufen an deen dofir e spezielle Produktiounsprozess entwéckelt hat. Et waren zu där Zäit déi beschte Bengelen déi am Land ze kréie waren. De Mellang huet sech spéider zu Donkels en Haus kaaft an am Alter ass en op Paräis bei seng Duechter geplënnert. D'Haus zu Donkels hat den Numm "A Schéifesch" kritt. D'Haus ass verkaaft ginn, awer d'Spadséierbengele sinn och duerno nach zu Donkels vum Constant Braquet an de Bridder Determe gemaach ginn. An den 1930er Joren haten d'Bridder Determe souguer e Stand op der Internationaler Foire um Lampertsbierg. Eng Commande fir 15.000 Stéck, déi en Englänner maache wollt, konnten se awer aus Capacitéitsgrënn net unhuelen. De Braquet huet och Aangelen aus Eechenholz produzéiert
D'Lou ass d'Schuel vu jonken Eechebeem (fr: taillis de chêne; de: Eichenniederwald). E Bësch vu jonken Eechebeem gëtt als "Louheck" bezeechent. Fréier ass d'Lou als Gierfstoff bei der Fabrikatioun vu Lieder benotzt ginn.
Zu Lëtzebuerg, besonnesch am Éislek, huet e groussen Deel vun de Lafbëscher aus Louhecke bestanen: meeschtens louche s'an den Häng. Ëm 1900 hunn d'Louhecken nach hei eng Fläch vun 25.725 ha bedeckt.
D'Lou ass geschlass ginn. Dorënner huet ee verstan, datt d'Schuel vun de Beem mat engem besonneschen Handwierksgeschier, dem Louschlëssel, am Doloun lassgeléist ginn ass. Dës Operatioun ass als schläisse bezeechent ginn. Et war eng haart Aarbecht. De Proprietär krut d'Lou an d'Doléiner d'Holz.
D'Lou ass net nëmmen an de Lëtzebuerger Gierwereie benotzt ginn (66 Gierwereien ass et am Joer 1811 ginn), mä se gouf och exportéiert, op Eisebunnswagonen, haaptsächlech vun Ettelbréck aus.
D'Lou huet vum Ufank vum 20. Joerhonnert un d'Konkurrenz vun der Schuel vun de Quebrachobeem aus Südamerika ze spiere kritt. An duerno sinn ëmmer méi cheemesch Salze bei der Liederfabrikatioun benotzt ginn. Mat der Lou ass et du biergof gaangen an nom Zweete Weltkrich war et definitiv eriwwer. Déi lescht Gierwereien zu Lëtzebuerg hunn zougemaach.
D’Expressioun "fir Lou" fënnt säin Urspronk an de fréiere Gierwereien. Wann d’Lou geliwwert gouf, war et de Gebrauch, dass de Meeschter deenen déi d'Lou bruecht hunn, eng oder méi Tournéeën zum Beschte ginn huet. D'Expressioun "fir Lou" huet am Volleks­mond ganz einfach de Sënn kritt "fir näischt". Deen hautdesdaags geleefegen Ausdrock "fir lau" ass ofgeleet a spigelt net méi de Sënn vu fréier erëm.