Di Haler Leit spenden 1 000 Euro

Wéi schonns déi lescht puer Joer hunn di Haler Leit hiert traditionellt Buergbrennen och dëst Joer erëm am Zeeche vum gudden Zweck organiséiert. Et hu ganz vill Leit vun Haler an awer och aus den Dierfer ronderëm de Wee op d‘Haler Hicht fonnt, fir de Wanter ze verbrennen. Bei killem Wieder, enger hausgemaachter Gulaschzopp, Iesse vum Grill a Gedrénks hu si der Buerg beim Ofbrennen nogekuckt. Di Haler Leit sinn houfreg, datt si der „Association luxembourgeoise de lutte contre la mucoviscidose“ e Scheck vun 1 000 Euro iwwerreeche konnten. Si soen all de Leit, déi op d’Haler Buergbrenne komm sinn, e ganz grousse Merci fir hir generéis Spenden. Si droen zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de lëtzebuergesche Mukoviszidose-Patienten bäi. Informatiounen zu der Associatioun ginn et am Internet op: www.allm.lu. (C.)