D'Fraen a Mammen vun Hamm gin leider opgeléist !

No 64 Joer gin d'Fraen a Mammen vun Hamm de Statute no opgeléist.

D'Présidentin Anny Hansen kann no 36 Joër Présidentschaft, gesondheetlech bedengt, leider nët méi weiderfueren.

D'Fraen a Mammen vun Hamm hun vill geleescht, vill interessant Versammlungen organiséiert a vill gudd Wierker gemach.

Am Comité vum 23.10.23 huet d'Madame Anny Hansen Merci gesot fir déi vill fleisseg Hänn, déi ëmmer gudd mattgehollef hun. All d' Suen (16300 Euros) si verdeelt gin un verschidden Associatiounen.