D'Fraen & Mammen Hamm haten erëm vill geschafft!

D'Fraen a Mammen Hamm haten während dem Joer 2021 en etlech Aktivitéiten organiséiert:

*Verkaaf vun selwer zesummegestaltenen Fréijorsarrangementer fir Ouschteren

*Ee Lasagna-Owend

*Een Hierken-Owend

*Verkaaf vun Adentskränz an Chrëschtarrangementer, Alles handgemach


Esou war et hinnen méiglech, duerch den Erléis vun dene verschiddenen Aktivitéiten an Don'en, verschidden ONGs z'ënnerstëtzen ;

Fondation Raoul Follereau: 3000 Euros

Chrëschte mam Sahel: 2000 Euros

Eng oppen Hand fir de Malawi: 1500 Euros

Tricentenaire Lëtzebuerg: 1500 Euros


Ee grousse Merci alle Memberen, Frënn a Sympathisanten, déi op iergend eng Art a Weis dëse Geste méiglech gemach hun!


Anny Hansen