Konveniat zu Harel

D'Joergäng 1967-1972 vun der fréierer Gemeng Harel hunn sech getraff.


Rezent hunn sech 26 fréier Schüler aus der Primärschoul zesumme mat hirem deemolege Schoulmeeschter, dem Här René Pletschette, zu Béiwen an dem neie Gemengenhaus vun der Stauséigemeng getraff.

De Buergermeeschter Marco Koeune, a selwer Schüler vun der fréierer Gemeng Harel huet dann och d'Begréissung mat de Wierder: Bonjour Här Lehrer gemaach, sou wéi et fréier üblech war, wann de Schoulmeeschter an de Klassesall kommen ass.

A Präsenz vun der Gesondheetsministesch, der Madame Martine Deprez, der hir Origine och op Harel zréck ginn, a Klassekomerodin ass, konnt de Marco Koeune seng nei ageweiten Administratioun vun der Stauséigemeng virstellen an en Éierewäin offréieren.

Uschléissend gouf zu Harel bei der Fatima- Kapell eng Blumm néier geluecht, fir un déi verstuerwe Schoulkolleeginnen a Kolleegen ze gedenken. Ganz besonnesch ass och un d'Spillschoulsjoffer, d'Madame Josée Jans an un d'Léierin, d'Madame Josette Kolbach , déi leider nit méi ënnert eis sinn, geduecht ginn.

Am Restaurant "beim Sheila" gouf fir d'Mëttegiessen en excellente Menü zerwéiert. Eng Rei Anekdoten aus der Schoulzäit goufe beim Patt ausgetosch, z.B.: wou Schmatz hire sténkege Geessebock moies mat an d'Schoul gaangen ass, dat eisem Schoulmeeschter sou guer nit gefall huet.

Martine Huberty/Diane Remiche/Marco Koeune